Dogéint! Och wann d’lëtzebuergesch Agrarpolitik maßgeblech duerch den europäesche Kader bestëmmt gëtt, huet d’Regierung mat de verschiddene Subventiounen oder soss Mesuren eng gewësse Méiglechkeet d’Entwécklung vun der Landwirtschaft mam PDR an eng bestëmmte Richtung ze lenken. Dofir brauch een awer eng kloer Analyse mat de Stäerkten a Schwächte vun der aktueller Landwirtschaftspolitik op Basis vun där een dann eng Strategie mat kloren Zieler formuléiert. Dat mëscht d’Regierung mat dësem PDR awer net. Et fehlt däitlech u Konzepter a Kohärenz, aus der Analyse gi keng Schlëss oder wann, dann déi falsch, gezunn.
Plus d'informations >