D’Kooperatiounsdebatt an dësem Plenum zeechent sech duerch 2 Saachen aus. Éischtens gëtt se, leider, vun der Ëffentlechkeet net ëmmer esou wouergeholl wéi sech dat gehéiere géif. Dat ass schlecht, well et geet hei net nëmmen em « Kooperatioun », mee em d’Verhältnes tëscht Nord a Süd, tëscht Räich an Aarm, tëscht Selwerbestëmmung an Ofhängegkeet. Do gëtt sech decidéiert tëscht Honger oder Wuelstand, tëscht Krich oder Fridden, tëscht seng Famill a säi verloossen oder do bleiwen wou een am léifsten ass.
Plus d'informations >