Wéi ass Lëtzebuerg um NATO-Manöver “Trident Juncture” bedeelegt?

Thursday, 25 October 2018

An Nordeuropa gëtt Krich gespillt. D'NATO féiert säit haut an Norwegen a ronderëm d'baltescht Mier dat gréisste Militärmanöver säit dem Enn vum Kale Krich duerch. Lëtzebuerg ass Member vun der NATO a soumat zumindest indirekt un der militärescher Eskalatioun bedeelegt, déi besonnesch vun amerikanescher Säit a sengem President Donald Trump weidergedriwwe gëtt. Mee ass Lëtzebuerg och direkt un dëser Operatioun bedeelegt? Si Lëtzebuerger Zaldoten op der Plaz? Wa jo, wéivill sinn et der a wat ass hir Missioun? Kommen eventuell aner Kompetenzen oder Equipementer vun der Lëtzebuerger Arméi an den Asaz? Plus d'informations >