transformatoresch – credibel – participativ: déi Lénk stelle virleefege Programm vir

Saturday, 09 June 2018

déi Lénk hunn haut déi virleefeg Versioun vum Programm fir d’Parlamentswahle vum 14. Oktober 2018 presentéiert. De Programm ëmfaasst 22 Kapitelen an iwwer 400 konkret Fuerderungen an ass d’Resultat vun engem internen Diskussiounsprozess, den am November 2017 op engem Seminaire ugefaangen huet. Säit Méint hu vill Membere vun déi Lénk an Aarbechtsgruppen un dësem Dokument matgeschafft an et mat hiren Iddi’en an hirem Wëssen zu dem gemaach wat et elo ass: e Programm mat ambitionéierten Ziler fir d’Erausfuerderunge vun der Zukunft ze meeschteren a ville konkrete Moossnamen, déi elo direkt kënnen ëmgesat ginn. Plus d'informations >