D'lescht Woch gouf op Initiativ vun déi Lénk iwwer d'Situatioun vun de working poor debattéiert. Mat working poor sinn déi Leit gemengt, déi zwar enger bezuelter Aarbecht noginn an awer trotzdeem an Aarmut liewe mussen. Zu Lëtzebuerg ass den Undeel vun de working poor immens héich a läit bei 11,6%. An nëmmen 3 Länner an der EU ass dësen Taux méi héich: Bulgarien, Spuenien a Griicheland. An eiser Interpellatioun hu mir d'Grënn fir an d'Effekter vun dëser Entwécklung beliicht (falend Léin, Ofbau vum Sozialstaat, Explosioun vun de Logementspräisser an eng sozial selektiv Mobilitéit) a Virschléi gemaach, fir dësem Phänomen en Enn ze setzen.
Plus d'informations >