Wednesday, 27 June 2018
Déi 3 Mesuren, déi an dësem Gesetz virgesi sinn, ënnerstëtze mir zwar, mee mir stellen eis awer d’Fro, ob hei net en administrative Waasserkapp geschafe gëtt, mat verschiddenen Acteuren, déi riskéieren sech bei hire Missiounen éischter am Wee ze stoen. Mir gesinn et och als immens wichteg un d'Méisproochegkeet ze fërderen, déi zugläich Chance an Erausfuerderung ass, fir jiddereen.t deen hei lieft, schafft a léiert. D’Léiere vu Sprooche misst dowéinst allgemeng méi staark gefërdert ginn. Dass sech hei awer eleng op d’Fërderung vum Lëtzebuergesche beschränkt gëtt, gesi mir dowéinst och als verpasste Chance.
Plus d'informations >