déi Lénk hu fir haut an der Chamber eng Debatt iwwer d'Klimapolitik ugefrot. An dësem Kader fuerdere mir d'Chamber mat enger
Resolutioun op d'Urgence climatique unzëerkennen an dofir ze suergen, dass Lëtzebuerg alles dru setzt, fir d'Äerderwiermung net iwwer 1,5°C klammen ze loossen. Méiglech ass dat aus der Siicht vun déi Lénk nëmme mat strengen Ziler a Gesetzer, déi d'Pollutioun verbindlech reduzéieren, enger grousser Verantwortung fir Staat a Gemengen, déi investéiere mussen an erneierbar Energien, ekologesch Transportméiglechkeeten an an d'Aspuerung vun Energie a mat enger Politik, déi net op Käschte vun deene Leit geet, déi am mannsten zur Klimaverännerung bäidroen a fir déi Klimaschutz keng weider finanziell Belaaschtung dierf duerstellen.
Plus d'informations >