Tuesday, 25 September 2018
No 9 Méint haten 12 Stéit eng Demande fir e Klimaprêt gemaach. E Bilan no engem Joer gouf vun der Regierung ugekënnegt, mee no bal zwee Joer vermësse mir deen awer ëmmer nach. Dofir froe mir elo no. D'Klimabank, mat där d'Regierung d'energetesch Sanéierung ukuerbele wollt, ass bei wäitem net op der Héicht vum Enjeu. Mat dem Instrument erreeche mir näischt géint de Klimawandel a Stéit mat méi klengem Akommes kréien och net gehollef, wëll si weiderhi keen Zougank zu engem Finanzement fir eng energetesch Sanéierung kréien.
Plus d'informations >