Wednesday, 07 February 2018
Enthalung. De Projet a senger éischter Versioun hätt vun déi Lénk en Nee bedeit, wëll verschidde wichteg medezinesch Beräicher sou staark zentraliséiert sollte ginn, dass d’Bedingunge fir vill Patiente méi schlecht gi wieren. No enger Rei Nobesserunge gesäit d'Gesetz keng grondleeënd Verschlechterunge méi vir, mat Ausnam vun der Limitatioun bei de Spidolsbetter, déi potentiell Schwieregkeete kéint mat sech bréngen. Eng positiv Neierung ass fir eis awer d’Stäerkung vun der demokratescher Gestioun vun de Spideeler. Mir kritiséieren awer weiderhin, dass d’Gesondheet ëmmer méi zur Wuer gëtt. Des Entwécklung gëtt vun dësem Gesetz leider net a Fro gestallt (Bsp. d'Entwécklung vun de Privatlaboen).
Plus d'informations >