De Klimaschutz ass eng vun de gréissten Aufgaben, mat där mir alleguer konfrontéiert sinn. A mir wëssen, dass direkt muss gehandelt ginn. Dofir hunn déi Lénk de 16. Mee d’Chamber opgefuerdert d’Urgence climatique unzëerkennen an d’Politik an Zukunft opgrond vun dëser Urgence ze maachen. Mir hunn dat mat enger Resolutioun gemaach (Récksäit).
D’Majoritéit vun den Deputéierten huet géint eisen Text gestëmmt, sie gesinn de Klimaschutz wuel als manner drénglech un.
D’Positioun vun déi Lénk ass kloer. Mir wëllen:
(-) Streng Ziler a Gesetzer un déi sech d’Wirtschaft hale muss. Klimaschutz fänkt bei der Produktioun un a kann net eleng um Konsument hänke bleiwen.
(-) Vill méi ëffentlech Investitiounen an erneierbar Energien, ekologesch Transportméiglechkeeten a Sanéierung vu Wunnengen. Klimaschutz ass kee Business, et kann een dat net der Privatwirtschaft iwwerloossen.
(-) Eng sozial Klimarevolutioun. Klimaschutz ass Sozialpolitik a muss zu enger méi gerechter Verdeelung vum Räichtum bäidroen. Net déi kleng, mee déi déck Portmonni’en musse bezuelen.
D’Politik elo änneren an net waarde bis d’Klima alles fir eis verännert.
————————————————-
Entscheedung fir d’Chambre des Députés
– Well de Weltklimarot vun der Uno a senge Berichter iwwer d’Entwécklung vum Klima a besonnesch a sengem spezielle Bericht aus dem Joer 2018 iwwer d’Konsequenze vun enger Äerderwiermung, déi iwwer 1,5°C erausgeet, gewarnt huet;
– Well de Paräisser Accord vun 2015, dee Lëtzebuerg den 22. Abrëll 2016 ënnerschriwwen, an deen de 4. November 2016 an der Chamber formell ugeholl ginn ass, seet, dass all Ustrengunge gemaach musse ginn, fir d’Äerderwiermung net iwwer 1,5°C klammen ze loossen;
– Well Lëtzebuerg aktuell e vill ze héijen ekologesche Foussofdrock huet a Lëtzebuerg eng ganz grouss historesch Verantwortung fir de Klimawandel dréit a gläichzäiteg d’Méiglechkeeten huet, fir säi Verbrauch vun Energie komplett op propper Energien ëmzestellen;
Soll d’Chamber Folgendes maachen :
– unerkennen, dass et e Klimanoutstand (urgence climatique) gëtt an dass déi Situatioun ganz grouss Ustrengunge vu Lëtzebuerg erfuerdert, fir sou séier wéi méiglech ze garantéieren, dass just nach propper Energie zu Lëtzebuerg verbraucht gëtt ;
– dofir suergen, dass d’Ausgaben am Staatsbudget fir de Klimaschutz ab 2020 verduebelt ginn an och dono eng weider Steigerung vun deenen Ausgabe geplangt gëtt;
– dofir suergen, dass zousätzlech Suen aus dem Budget an éischter Linn an d’Produktioun an de Stockage vun erneierbaren Energien, sou wéi an d’Aspuerung vun Energie investéiert ginn;
– dofir suergen, dass d’Steigerung vun den Ausgabe fir de Klimaschutz och duerch ambitiéis Gesetzer a Reegele begleet ginn, déi dozou bäidroen, d’Klima ze schützen;
– mat Nodrock eng méi séier Entwécklung vu gemeinsamen Transportmëttelen an der doucer Mobilitéit (Vëlo- a Foussweeër) afuerderen;
– dofir suergen, dass bei de verschiddene Moossname fir de Klimaschutz ëmmer och gekuckt gëtt, dass se sozial sinn an dann och dofir ze suergen, dass déi Leit mat klengem Akommes net finanziell méi schlecht gestallt ginn;
– dofir suergen, dass an Zukunft all nei Gesetzer a politesch Decisioune konform si mam Zil d’Klima ze schützen;
– sech asetze fir déi schnellstméiglech Organisatioun vun enger nationaler Debatt iwwer weider gemeinsam Moossname fir dem Klimanoutstand entgéint ze trieden. D’Politik fir de Klimaschutz soll mat allen Institutiounen, den Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft a mat der ganzer Bevëlkerung zu Lëtzebuerg diskutéiert ginn.