Thursday, 02 May 2019

Vun RTL Group zenséiert Walspotten: d’Meenungsfräiheet ass keng « question technique »!

An enger rezenter Stellungnam huet RTL versicht, säi Refus, fir 2 op Lëtzebuergesch ënnertitelt franséischsproocheg Walspotte vun déi Lénk ze senden. RTL huet sech dobäi op déi vermeintlecht Autoritéit vu « fiches techniques » beruff, déi de Sender ausgeschafft an un d’Parteie geschéckt hat.

déi Lénk huelen dës pseudo-Erklärung mat Consternatioun op a fannen se inadmissibel. Esouguer wann d’Multinationale RTL-Group, déi Bertelsmann AG gehéiert, vum Lëtzebuerger Staat mat enger « mission de service public » chargéiert gouf, heescht dat nach laang net, dass se d’Benotzung vun deenen dräi am Sproochegesetz vum 24. Februar 1984 virgesinne Sproochen zu Lëtzebuerg duerch eng « fiche technique » kann aschränken. Dës Aschränkung diskriminéiert KandidatINNen, andeem se hinnen d’Recht hir Meenung ze äusseren a soumat dat passiivt Wahlrecht de facto ewechhëlt, an ass dowéinst ganz einfach net zoulässeg wëll se d’Verfassung souwéi och de Gläichheetsprinzip vun alle BiergerInne verletzt. Di ass domadder inoperant a ka vu politesche Parteien ignoréiert ginn. Et ass net un enger profitorientéierter Multinationale, déi absolut keng demokratesch Legitimitéit huet, d’politesch Spillreegelen hei zu Lëtzebuerg ëmzedefinéieren.

déi waarden op eng definitiv Decisioun vun der ALIA, mee reservéiert sech gläichzäiteg d’Recht, all méiglech Rechtsweeër ze benotzen, fir d’Meenungsfräiheet vun all KandidatINNen a WielerINen hei am Land ze verdeedegen, egal wat hier Nationalitéit oder hier Origine sinn.

An der Tëschenzäit:

(-) ruffen déi Lénk déi aner Parteien dozou op, sech fir déi an der Lëtzebuerger Verfassung an am EU-Recht verankert Meenungsfräiheet an de Gläichheetsprinzip anzesetzen;

(-) ënnersträichen déi Lénk, dass hier Kritik net déi verschidde Redaktiounen, mee eenzeg an eleng d’Direktioun vun RTL Group viséiert.