Wednesday, 30 November 2016

Wien decidéiert?

Mir alleguerte missten zesummen decidéieren. Mä ob et elo Handelsofkommes wéi CETA an TTIP sinn oder déi sëllech Gesetzer, déi an der Chamber gestëmmt gi fir nach méi Cadeau’en u Superräicher ze maachen – et geet vill ze dacks net ëm d’Mënschen, mä just nach ëm d’Beneficer vu Grousskonzerner.

Och zu Lëtzebuerg kritt d’Regierung an hirer Blos vu Wirtschaftswuesstem a Steieroptimiséierung net mat, wéi ëmmer méi Mënschen op der Streck bleiwen. Weess d’Regierung, datt Wunnen zu Lëtzebuerg mëttlerweil e Luxus ass? Amplaz eng Zukunft fir all ze plangen, gëtt bei de Leit gespuert, zum Beispill an der Fleeg a bei de Familljen.

déi Lénk wëllen dëse fatalen Trend stoppen. Mir wëllen eng Gesellschaft vun der sozialer Gerechtegkeet. Mir wëllen d’Aarbechtszäit verkierzen an de Räichtum méi gerecht ëmverdeelen. Mir wëllen eng Politik vun a fir déi Betraffen. Dofir setze mir eis am Parlament an op der Strooss an.