lundi, 23 septembre 201314:00

Freedom Not Fear 2013

581px-Freedom-not-FearDen 28. September ass et nees esou wäit. Dann ass erëm “Freedom Not Fear” Demo. déi Lénk ënnerstëtzen des Demo a wärten och präsent sin.

Hei sinn dei wichtegst Informatiounen op engem Coup:

Wat?

Freedom Not Fear Demo 2013 ënnert dem Motto “1984 war net als Gebrauchsanweisung geduecht!

Weini?

28. September (Samschdes) um 14h00 Auer.

Wou?

Virun der Gare an der Stad

Oflaaf:

A) Stater Gare. Hei fänken mer eisen Marsch un.

B) Virum Parlament. Éischten Zwëschestopp. Hei gëtt et een 5 Minutte Virtrag iwwert d’Iwwerwaachung zu Lëtzebuerg.

C) Beim Europahaus. Eisen zweeten Zwëschenstopp. Hei get et een 5 Minutte Virtrag iwwert Iwwerwaachung op EU Niveau.

D) Beim Inneministère. Eisen drëtten Zwëschestopp. Hei get et een 5 Minutte Virtrag zum Punkto E-Perso.

E) Op der Plëss. Hei ass eist Ziel vun der Demo. Den Iwwerwaachungswahnsinn gëtt nach eng kéier Thematiséiert an duerno ass oppene Mikro fir jiddereen de gären eppes well zur Iwwerwaachung soen.