D’Regierung huet Enn 2019 endlech ee Klimaplang an ee Klimagesetz op de Wee bruecht. Vill Detailer feelen nach mee d’Richtung ass ageschloen an et ass elo wichteg den Debat ze féieren op déi Richtung eis erlaabt op d’Urgence Climatique z’äntferten oder net well 2020 ass dat Joer wou mär déi bedeitend Weiche musse leeë fir d’global Erwiermung op duerchschnëttlech 1,5° ze limitéieren. Geschitt dat net, a mëscht Lëtzebuerg a vill aner Länner uechter d’Welt weider wéi momentan wäerte mär trotz e puer Mesuren hei an do eng Erwiermung vun 3 bis 4° bis erliewen an dëst wäert extrem Wiederphenome wéi d’z.B. elo d’Feieren an Australien, als Konsequenz hunn.
Wéi eng Zukunft hannerloossen ech menge Kanner?
D’Perspektive fir hinnen ee bessert Liewen ze hannerloosse sinn am Moment kleng, mee net verluer ! Wann ech awer gesi wéi d’Regierung elo op des Urgence well no allen groussen Deklaratiounen äntferten, da fannen ech do keng Unzeeche fir d’Angscht vu menge Kanner hirer Mam ze calméieren.
D’CO2 Steier ass eng vun de wichtege Mesuren déi problematesch ass. De Problem deen déi Lénk mat dëser Steier huet ass net datt se ze wäit geet, een ze grousst Opfer fir de Klimaschutz géif bedeite mee ebe grad datt se net wäit genuch geet fir wierklech déi Verännerungen ze bréngen déi et brauch.
D’Regierung geet selwer dovunner aus datt d’CO2-Steier iwwerhaapt effikass d’Verhale vu Betriber oder de Leit verännert. Et geet vill méi drëm fir d’Suen an d’Kees ze spullen déi et brauch fir d’Investitiounen a Klimaschutzmesuren ze finanzéieren. Dëst obwuel des Regierung mat aktuell 385 Milliounen all Joer méi an d’Militäroprëschtung investéiert oder 200 Milliounen an d’Spaceressources investéiert.
D’CO2 Steier ass also net effikass, vertraut blann op de sougenannten « fräie Maart » a verstäerkt nach sozial Ongläichheeten. Déi wou et sech kënne leeschten an der Stad an engem neie Passivhaus ze wunne wäerten nämlech iwwer 250 € am Joer manner bezuele wéi een deen op der Wolwener Klaus wunnt, an engem Albau mat Mazout hëtzt an an der Stad schafft. Et kann een hei och net vu Pollueur-Payeur schwätze wann ee weess dass déi räichsten 10 % weltwäit fir 45 % vun de klimaschiedlechen Emissiounen zoustänneg sinn.
Amplaz dem sougenannte Maart probéiere Signaler ze ginn, bei deenen een awer net an der Hand huet wéi reagéiert gëtt muss eiser Meenung no d’ëffentlech Hand direkt, urgent a wäitgoend Reegelen, Normen an Investitiounen huelen déi mat Sécherheet déi néideg Klima-Ziler erreechen.