WAHLEN
'18

NEWS

03 Juil 2019
5 Mol méi Bio a 5 Joer? Kleng Reforme ginn net duer, et brauch e wierklechen Ëmbroch.
An der Orientéierungsdebatt iwwer d'Bio-Landwirtschaft hunn déi Lénk sech an éischter Linn op déi sozial Grondlage vun der Agrikultur an der landwirtschaftlecher Produktioun fokusséiert. Stéchwuert Präis vum Akerland, Stéchwuert Aarbechtsbedingungen am Secteur. Plus d'informations
02 Juil 2019
Affaire Bettel : une affaire d’Etat !
Quand un chef de gouvernement dénonce un député à la justice en violation de l’immunité parlementaire dont celui-ci dispose justement afin de le protéger contre l’arbitraire de l’Etat qu’il est censé contrôler, cela s’appelle une affaire d’Etat. C’est à cette incroyable forfaiture que s’est livré Bettel en voulant forcer le député Gibéryen à lui délivrer ses sources sous peine de poursuites judiciaires via la directrice du SREL. Heureusement la justice, dans un important arrêt de principe, a retenu le droit de chaque député de protéger ses sources. Plus d'informations
01 Juil 2019
Question parlementaire concernant l’initiative spaceresources.lu
Viru kuerzem huet d'Regierung e bilateralen Accord mat den USA am Space-Beräich ofgeschloss. Den US-amerikanesche Wirtschaftsminister Wilbur Ross huet an dem Zesummenhang vun enger Kooperatioun mat Lëtzebuerg an der Defense geschwat. Bedeelegt sech Lëtzebuerg elo och aktiv un der Oprëschtung am Weltraum? D'Cour des Comptes huet a sengem Avis iwwer de Spacemining am Budget 2019 schonn drop opmierksam gemaach, dass de Koalitiounsaccord des Méiglechkeet virgesäit, obwuel d'Gesetz vun 2017 dee Volet ausgeklammert huet. Falls d'Regierung op dee Wee geet, wier dat e weidere Verstouss géint international Verträg, déi just friddlech Aktivitéiten am Weltraum erlaben. Donieft gëtt och d'Fuerschung zugonschte vun Entreprisen am new space Secteur staark ënnerstëtzt. Mir hu fir all des Aktivitéiten am Kader vun der spaceresources.lu Initiativ eng Rëtsch Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt. Plus d'informations
27 Juin 2019
Marc Baum – PdL 7416 – Erhéijung vum Mindestloun em 0,9%
Des Woch gouf de Mindestloun em 0,9% erhéicht. Dat entsprécht 18€ de Mount an ass een Deel vun der Erhéijung vum Netto-Mindestloun em 100€, den am Koalitiounsaccord virgesinn ass. De Gros vun dëser Erhéijung em 100€ gëtt awer iwwer d'Steiere finanzéiert, also indirekt vun de Salarié'en selwer, déi de Gros vun dëse Steieren iwwer hir Léin bezuelen. Des Erhéijung em 18€ geet natierlech net wäit genuch, wëll de Netto-Mindestloun ëmmer nach däitlech ënnert dem Montant läit, den ee laut STATEC brauch fir dezent zu Lëtzebuerg kënnen ze liewen. Dofir fuerdere mir weiderhin eng zousätzlech Erhéijung em minimum 10%. Plus d'informations
24 Juin 2019
Wat fir ee Staat wëlle mir?
De Sonndeg woar Nationalfeierdag, woumat jiddereen wahrscheinlech e bëssen eppes aneres verbënnt. Op alle Fall ass et awer intressant an deem Kontext, sech Gedanken iwwer déi lëtzebuergesch Verfassung ze maachen. Emmerhin ass dat d’Basis vun engem Land, d’Définitioun vum Staat, souwéi vun de Rechter a Flichten vu senge Bierger. Plus d'informations

Vidéo actuelle

Marc Baum – Verlängerung vum état de crise am Kontext vun der Corona/Covid19-Pandemie

D’Land befënnt sech opgrond vun der Coronavirus/Covid19-Pandemie am Ausnamezoustand. Zil ass et sou séier wéi méiglech déi néideg Mesure kënnen z’ergräifen, fir d’Populatioun virum Virus ze schützen. Mee d’Demokratie hält net op, am Géigendeel. D’Kontrollfunktioun vun der Chamber muss grad elo ëmsou méi staark erfëllt ginn. D’Deputéiert behalen dat lescht Wuert a kënnen den Ausnamezoustand zu all Ament erëm ophiewen. Se mussen d’Mesure vun der Regierung ggf. kritiséieren a kënnen eege Virschléi maachen. déi Lénk wäerten des Aufgab an de kommende Woche konsequent erfëllen an sech virun allem fir e beschtméigleche Schutz vun de Rechter vun de Salarié’en asetzen an dofir suergen, dass och kee Mënsch vergiess gëtt.

Toutes nos vidéos

Lénk

VIDEO: Wunnengspolitik – Verantwortung iwwerhuelen

Toutes les émissions

Photos

Toutes nos photos