WAHLEN
'18

NEWS

20 Mar 2019
Endlech eng fundamental Reform vum Stage am Fondamental ?!
déi Lénk hu virun engem gudde Mount eng Debatt iwwer d‘Reform vum Stage fir d’Enseignant’en am Fondamental. Scho virun engem Joer, haten déi Lénk iwwer e gemeinsame Communiqué mat der Gewerkschaft SEW erausginn, wou si iwwer d‘Absurditéite vum Stage opmierksam gemaach hunn, an dat am Kontext vun enger historescher Penurie u Léierpersonal am Enseignement Fondamental. Plus d'informations
20 Mar 2019
Eis Wirtschaft mat Waffen diversifizéieren?
Tribune libre RTL Radio/Radio 100,7 - Ech komme grad vum Klimastreik – ech muss do mäin allergréisste Respekt virun de Schüler ausdrécken, duerch hir Aktioun a wuel weider Aktioune wäert kee méi laanscht de Klimaschutz kommen an et muss endlech konsequent an ouni Kompromësser géint de Kris gehandelt ginn. Plus d'informations
15 Mar 2019
Diversifier notre économie grâce aux crises (militaires) ?
Zu Gast am Land - En juin 2018, Etienne Schneider déposa le projet de loi 7325 qui vise à modifier trois lois en lien avec les opérations, l'organisation et le financement militaire. Après les élections, c'est au nouveau ministre de la défense François Bausch de défendre le projet. Les changements proposés sont loin d'être cosmétiques, il s'agit d'un véritable changement de paradigme pour la politique de Défense du Luxembourg. Plus d'informations
13 Mar 2019
Fonds du Logement: 2% vum Bauterrain an 133 Wunnengen d’Joer. Dat muss méi ginn!
An der Aktualitéitsstonn iwwer de Fonds du Logement huet den David Wagner de Fanger an d’Wonn geluecht: Nëmmen 2% vum verfügbare Bauterrain zu Lëtzebuerg gehéiert dem Fonds du Logement, nëmmen 10% gehéiere Staat, Gemengen an engem vun den zwee ëffentleche Promoteuren, SNHBM (2%) a Fonds du Logement (2%). De ganze Rescht gehéiert Privaten, wouvunner de Gros am Besëtz vun enger ganz klenger Minoritéit vu Groussgrondbesëtzer a vun décke Promoteuren an hire spekulative Fongen ass. Plus d'informations
13 Mar 2019
Dossier google: question parlementaire concernant les objectifs nationaux en matière d’énergie et les charges supplémentaires envisageables pour les réseaux de l’électricité au Luxembourg
Wärend d'Regierung alles dofir mécht fir e mega data center vu google op Lëtzebuerg ze kréien, setzt sech déiselwecht Regierung immens ambitiéis Ziler fir de Klimaschutz, besonnesch bei dem Verbrauch vun Energie a bei den erneierbaren Energien. D'Creos, de Gestionnaire vun de Lëtzebuerg Stroumnetzer seet a sengem Rapport, dass opgrond vun der Elektromobilitéit de Verbrauch riskéiert massiv unzezéien a warnt vum Impakt vun engem Stroumfrësser wéi e mega data center. Wéi passt dat beieneen? Dat froe mir den Energieminister Claude Turmes. Plus d'informations
12 Mar 2019
Nee ! zum Artikel 13 vun der neier EU Copyright Directiv.
déi Lénk begréissen de generelle Prinzip hannert dem Artikel 13 vun der neier EU Copyright Directiv, dat Internet-Risen à la Google, Youtube a Facebook den Auteur’en vu kreativem Contenu – also Zeitungen, Journalisten a Blogger’en - en faire Präis bezuele mussen, wann si Contenu vun dësen op hier Online-Plattforme verëffentlechen an domat vill Geld verdéngen. déi Lénk sinn awer der Meenung dass dat gewollte wirtschaftlecht Gläichgewiicht tëscht Kreativen a Mega Online Plattformen net iwwert de Wee vum Copyright duerf gereegelt ginn, well dat noutgedrongen eng Kontroll vun allen online Contenu’en (op Copyright-Konformitéit) mat sech bréngt, z.B. ënnert der Form vun automatiséierten Upload Filteren. Plus d'informations

Vidéo actuelle

Marc Baum – Verlängerung vum état de crise am Kontext vun der Corona/Covid19-Pandemie

D’Land befënnt sech opgrond vun der Coronavirus/Covid19-Pandemie am Ausnamezoustand. Zil ass et sou séier wéi méiglech déi néideg Mesure kënnen z’ergräifen, fir d’Populatioun virum Virus ze schützen. Mee d’Demokratie hält net op, am Géigendeel. D’Kontrollfunktioun vun der Chamber muss grad elo ëmsou méi staark erfëllt ginn. D’Deputéiert behalen dat lescht Wuert a kënnen den Ausnamezoustand zu all Ament erëm ophiewen. Se mussen d’Mesure vun der Regierung ggf. kritiséieren a kënnen eege Virschléi maachen. déi Lénk wäerten des Aufgab an de kommende Woche konsequent erfëllen an sech virun allem fir e beschtméigleche Schutz vun de Rechter vun de Salarié’en asetzen an dofir suergen, dass och kee Mënsch vergiess gëtt.

Toutes nos vidéos

Lénk

VIDEO: Wunnengspolitik – Verantwortung iwwerhuelen

Toutes les émissions

Photos

Toutes nos photos