WAHLEN
'18

NEWS

04 Oct 2018
Luxtram-Direktion blockiert weiter: Kollektivvertragsverhandlungen in der Sackgasse!
Auch die letzte Verhandlungsrunde in Sachen Kollektivvertrag für die Beschäftigten von Luxtram hat gestern nach Aussage von FNCTTFEL-Landesverband und OGBL kein akzeptables Ergebnis gebracht. Die Beschäftigten fordern die konsequente Anpassung ihrer Lohn- und Arbeitsbedingungen an die des öffentlichen Dienstes und haben nun zusammen mit den Gewerkschaften beschlossen, das nationale Schlichtungsamt einzuschalten. Plus d'informations
04 Oct 2018
Spekulatioun op Grond a Buedem bekämpfen. Terrain fir gënschtege Wunnraum mobiliséieren.
Zu Lëtzebuerg feele gënschteg Wunnengen. D’Offer um private Wunnengsmaart ass de Besoin’en a meeschtens och dem Portmonni vun Kleng- a Mëttelverdénger net méi ugepasst. Déi meescht vun de feelende Wunnenge mussen nei gebaut ginn an dofir gëtt Bauterrain gebraucht. déi Lénk wëllen dass de Staat an d’Gemengen e groussen Deel vun deene Wunnengen bauen, wëll sie bauen net fir de Profit a kënnen sou gënschtegt Wunnen erméiglechen. Plus d'informations
03 Oct 2018
Betriber méi besteieren: Méi Steiergerechtegkeet fir eng gemeinsam Zukunft.
Mir wëllen d'Entreprisen erëm méi besteieren andeems mer den Taux erëm unhiewen an d'Bemiessungsgrondlag erweideren, dat heescht d'Méiglechkeete fir Ofschreiwungen an Exoneratioune limitéieren. D’Entreprise notzen déi gutt Infrastrukturen hei am Land a profitéiere vun enger gutt ausgebilter a gesonder Bevëlkerung. Dofir sollen se sech och mat engem fairen Undeel un der Finanzéierung vum Staat bedeelegen. Plus d'informations
01 Oct 2018
Kapitalakommes méi besteieren: Méi Steiergerechtegkeet fir eng gemeinsam Zukunft.
Steiergerechtegkeet heescht, datt een dee vu sengem Salaire lieft, genee esou besteiert gëtt, wéi een deen dee selwechte Revenu mat Aktien oder Obligatioune verdéngt. Dat ass awer hei zu Lëtzebuerg net de Fall. Akommes aus Kapital gëtt no enger Berechnung vun der CSL[1]  bis zu 5 Mol manner besteiert, wéi Akommes aus Aarbecht. Plus d'informations
29 Sep 2018
20% Bio-Landwirtschaft bis 2020: Eng gesond Landwirtschaft schaaft gutt Aarbecht.
déi Lénk wëllen dat änneren a viséiere bis 2025 en Bio-Undeel vun 20% an der Landwirtschaft un. Mee de Fokus läit net eleng op Bio-Betriber. Nieft dem ekologeschen Aspekt, spillt d’Landwirtschaft och eng wichteg sozial Roll. Mir wëllen déi Roll opwäerten. Betriber mussen dofir och opgrond vun dem beschäftegte Personal an dem Gewiicht wat se op lokal/regional Vermaartungs- a Verwäertungskette leeë gehollef kréien an net méi opgrond vun der produzéierter Quantitéit. Plus d'informations
28 Sep 2018
Eraus aus dem Stau. Mobilitéit verbesseren an d’Ëmwelt schounen, mam gratis ëffentlechen Transport.
Lëtzebuerg steet am Stau. Och den Auto bitt da kee Komfort méi. Momentan gi 55,4 % vum CO2 Ausstouss zu Lëtzebuerg vum individuellen Transport aus. Et wier also un der Zäit ëmzeklammen an den Zuch, Bus, Tram, oder op de Vëlo. Fir dëst ze erméiglechen, muss méi an den Ausbau vum ëffentlechen Transport investéiert ginn. Schinnenetzer a Buslinne musse flächendeckend a grenziwwerschreidend entwéckelt ginn, fir d’Leit och an der Peripherie ofzehuelen. Plus d'informations

Vidéo actuelle

Marc Baum – Verlängerung vum état de crise am Kontext vun der Corona/Covid19-Pandemie

D’Land befënnt sech opgrond vun der Coronavirus/Covid19-Pandemie am Ausnamezoustand. Zil ass et sou séier wéi méiglech déi néideg Mesure kënnen z’ergräifen, fir d’Populatioun virum Virus ze schützen. Mee d’Demokratie hält net op, am Géigendeel. D’Kontrollfunktioun vun der Chamber muss grad elo ëmsou méi staark erfëllt ginn. D’Deputéiert behalen dat lescht Wuert a kënnen den Ausnamezoustand zu all Ament erëm ophiewen. Se mussen d’Mesure vun der Regierung ggf. kritiséieren a kënnen eege Virschléi maachen. déi Lénk wäerten des Aufgab an de kommende Woche konsequent erfëllen an sech virun allem fir e beschtméigleche Schutz vun de Rechter vun de Salarié’en asetzen an dofir suergen, dass och kee Mënsch vergiess gëtt.

Toutes nos vidéos

Lénk

VIDEO: Wunnengspolitik – Verantwortung iwwerhuelen

Toutes les émissions

Photos

Toutes nos photos