WAHLEN
'18

NEWS

08 Jan 2018
Question parlementaire concernant le fonctionnement du Conseil national des étrangers
En ce 8 janvier 2018, six mois précisément se sont écoulés depuis l'élection du Conseil national des étrangers (CNE). Or, selon les informations dont je dispose, le CNE ne s'est pas encore réuni et aucune réunion n'aurait à l'heure actuelle été convoquée. Sachant qu'une convocation d'un organe comportant 34 membre devrait être lancée dans un délai raisonnable de quatre à six semaines et prenant en compte les vacances scolaires durant lesquelles une telle réunion ne peut avoir lieu, le risque est grand que le CNE mette quasiment une année pour se réunir depuis son élection, respectivement les nominations de ses membres. Ceci serait d'autant plus dommageable que le CNE serait dans l'incapacité de livrer un rapport sur l'intégration des citoyens étrangers avant les élections législatives d'octobre 2018. Plus d'informations
18 Déc 2017
Motion demandant la gratuité des transports publics
Am Kader vun de Budgetsdebatten 2018 hu mäer eng Initiativ geholl fir d'Gratuitéit vum ëffentlechen Transport ze fuederen. Plus d'informations
15 Déc 2017
Pdl 7060 – Upassung vu verschiddenen extraordinäre Congésdeeg
Ouni Begeeschterung : duerfir. Verschiddene gudden Ännerungen, stinn awer punktuell Verschlechterunge géigeniwwer. Am grousse Ganzen iwwerweien awer d’Verbesserungen, déi besonnesch jonke Famillje mat Kanner ze gutt kommen. Mee et ass kee grousse Worf an d’Fuerderung fir de legale Mindestcongé vu 25 op 30 Deeg an d’Lut ze setzen, bleift weiderhin top aktuell. Plus d'informations
15 Déc 2017
Pdl 7144 – Gesetz iwwer d’Erweiderung vun der A3
Bei dësem Infrastrukturprojet handelt et sech em eng Tëscheléisung ouni Nohaltegkeetsfakteur, wou den ëffentleche Persounentransport eng Niewefro bleift.  Bei der Mobilitéitsplanifikatioun feelen zu Lëtzebuerg Alternativen zum Individualverkéier. Dëst ass eng Konsequenz vu feelendem politesche Wëllen, jee nodeem och zeréckzeféieren op ee liberale Wandel bei déi Gréng. Als Matleefer an der Regierung, stinn déi Gréng nët méi als Symbol vun der ekologescher Transitioun, mee als Gréngwäscher vun der Betoniséierung an dem Elektroauto. Plus d'informations
14 Déc 2017
Budget: Ongesond (Steier)Nischen a feelend Zukunftsinvestitiounen
D'Besteierung geet ëmmer méi zu Laaschte vun de Leit déi fir e Loun schaffen, während duerch Steierdumping an ongesond Nischen d'Betriber, grouss Immobiliebesëtzer an Ultraräicher ëmmer besser ewechkommen. Eng Steierpolitik, déi op der falscher Plaz hëlt, dréit maassgeeblech dozou bäi, dass déi falsch Wirtschaftssecteure wuessen an déi falsch Leit sech beräichere kënnen: et entsteet en ongesonde Wuesstem, et feele Recetten an de Räichtum gëtt ëmmer méi ongerecht verdeelt. Eng Investitiounspolitik fir dëse Feelentwécklungen entgéint ze wierke gëtt ënnert deene Viraussetzunge bal onméiglech an de politesche Wëlle fir et zumindest ze probéieren, feelt bei LSAP-DP-déi gréng komplett. Och d'CSV an d’ADR iwwerbidden sech léiwer bei der Dramatiséierung vun der (immens klenger) Staatsschold wéi sech mat den Erausfuerderunge vum Land ze beschäftegen. Déi gesi mir e.a. an dësen dräi Beräicher: Logement, Mobilitéit, Bildung. D’Depense fir des Beräicher am Kontext vun engem ongebremste Wuesstem ginn net duer fir de Retard opzehuelen den sech hei accumuléiert huet. Beim Wunnengsbau, bei der Planifikatioun vun der Mobilitéit, grad esou ewéi bei der Educatioun, ass de Courage net do massiv a konsequent ze investéieren am Interessi vun de Leit. Plus d'informations
11 Déc 2017
Stellungnahme von déi Lénk bezüglich der Forderungen der CGFP
Wir teilen viele der Forderungen der CGFP und haben diese auch anlässlich der Parlamentsdebatten über die Reform des Beamtenstatuts im Jahr 2015 im Parlament verteidigt. Einige Elemente der Reform versuchten déi Lénk mithilfe von Amendements in der zuständigen parlamentarischen Kommission bzw. während der öffentlichen Debatte abzuändern, leider vergeblich. Wir lehnen weiterhin die Logik der 80/80/90-Regelung ab, die darin besteht auf Kosten der BerufsänfängerInnen zu sparen. Gerade vor dem Hintergrund der hohen Lebenshaltungskosten, unter anderem auf Grund der sehr hohen Wohnungskosten, sind solche Einsparungen nicht zu rechtfertigen. Plus d'informations

Vidéo actuelle

Marc Baum – Verlängerung vum état de crise am Kontext vun der Corona/Covid19-Pandemie

D’Land befënnt sech opgrond vun der Coronavirus/Covid19-Pandemie am Ausnamezoustand. Zil ass et sou séier wéi méiglech déi néideg Mesure kënnen z’ergräifen, fir d’Populatioun virum Virus ze schützen. Mee d’Demokratie hält net op, am Géigendeel. D’Kontrollfunktioun vun der Chamber muss grad elo ëmsou méi staark erfëllt ginn. D’Deputéiert behalen dat lescht Wuert a kënnen den Ausnamezoustand zu all Ament erëm ophiewen. Se mussen d’Mesure vun der Regierung ggf. kritiséieren a kënnen eege Virschléi maachen. déi Lénk wäerten des Aufgab an de kommende Woche konsequent erfëllen an sech virun allem fir e beschtméigleche Schutz vun de Rechter vun de Salarié’en asetzen an dofir suergen, dass och kee Mënsch vergiess gëtt.

Toutes nos vidéos

Lénk

VIDEO: Wunnengspolitik – Verantwortung iwwerhuelen

Toutes les émissions

Photos

Toutes nos photos