WAHLEN
'18

NEWS

20 Jan 2020
Parlamentaresch Fro: Energetesch Sanéierung no soziale Critèren
Le paquet « banque climatique et logement durable » voté à la Chambre des Députés en décembre 2016 est entretemps en vigueur depuis 3 ans. Cette législation prévoit entre autres le dispositif dit « banque climatique » qui vise à faire bénéficier les ménages éligibles d’un prêt à taux zéro ou à taux réduit pour le financement de travaux nécessaires dans le cadre d’un assainissement énergétique de leur logement. Plus d'informations
14 Jan 2020
Vente aux enchères de bureaux de poste : l’État ne doit pas contribuer à la spéculation immobilière !
Le 10 janvier 2020, les lecteurs de la presse luxembourgeoise pouvaient découvrir un avis annonçant la vente aux enchères des quatre anciens bureaux de poste à Perlé, Roeser, Senningerberg et Niederanven. Trois de ces bureaux de poste comprennent aussi des logements. En tant qu’établissement public détenu à 100 % par l’État luxembourgeois, la poste devrait agir dans l’intérêt général, p. ex. en vendant les objets immobiliers dont elle n’a plus besoin à une autre personne publique (Fonds du Logement, État, communes…). Plus d'informations
07 Jan 2020
Pas de guerre entre l’Iran et les USA!
Le président américain Donald Trump a dramatiquement accéléré la confrontation avec l’Iran au Proche Orient en faisant exécuter le principal général de ce pays sur le terrain, puis en menaçant ce pays de frappes aériennes contre 52 cibles notamment culturelles, ce qui constituerait un crime de guerre. Plus d'informations
20 Déc 2019
Klimaplang: D’Leit solle lo déi Rechnung bezuelen, déi déck Verschmotzer geschriwwen hunn.
-55% beim Ausstouss vun Zäregase bis 2030 ass just eng plakeg Zuel, wann een net weess, wéi dat soll zur Realitéit ginn. Fir déi Lénk muss d'Ambitioun vum Klimaplang an de Mesure leien an do hapert et zolidd. Konkret Virschléi ginn et ganz wéineg a wann mol een dran ass, da gëtt domat déi Politik weider gemaach, déi och bis elo feelgeschloen ass. D'Privatkapital an Entreprise gi mat allméigleche Mëttele gelackelt an aus der Verantwortung gehalen, all eenzele Bierger gëtt awer individuell responsabel gemaach a muss blechen. Déi geplangten CO2-Steier féiert dozou dass e Stot 200€ a méi fir d'Hëtze vum Haus muss bezuelen, ouni dass bis elo kloer ass, wéi déi betraffe Leit finanziell kompenséiert ginn. Wuessend Ongläichheeten a Widderstänn an der Gesellschaft géint Klimaschutz sinn d'Konsequenz. D'Ried vum David Wagner, weider Infos an eis Virschléi iwwer de Rentefong, de Google-Datazenter an eng sozial an ekologesch Approche bei der energetescher Sanéierung vu Wunnhaiser fannt dir hei -> Plus d'informations
19 Déc 2019
Staatsbudget 2020: De Staat ass räich, d’Leit gi méi aarm, keen denkt un déi nächst Generatiounen.
D’Liewensbedingunge vun de schaffende Leit verschlechteren sech vu Joer zu Joer an dat iwwerall an Europa an och hei zu Lëtzebuerg. Et mécht tatsächlech kee Sënn d’Bild vum Land schéinzemolen a schéinzerieden, well d’Leit mierke jo den Ënnerscheed tëscht deem wat ass an deem wat behaapt gëtt. Dëse Budget ass dee Budget, deen am mannsten op der Héicht vun de sozialen an ökologesche Problemer vum Land ageet. Plus d'informations
19 Déc 2019
Marc Baum – Zréck an d’19. Jorhonnert ? (tribune libre)
Lëtzebuerg brauch eng Constitutioun, déi op der Héicht vun der Erausfuerderunge vun eisem Land ass, well si stellt de Kader fir d’Zesummeliewen an der Gesellschaft an si definéiert déi grondleeënd Rechter a Flichte vun de Bierger. Grad dowéinst brauche mer eng ëffentlech Debatt iwwert eng Verfassung vum 21. Joerhonnert - a kéng politique politicienne. Plus d'informations

Vidéo actuelle

Marc Baum – Verlängerung vum état de crise am Kontext vun der Corona/Covid19-Pandemie

D’Land befënnt sech opgrond vun der Coronavirus/Covid19-Pandemie am Ausnamezoustand. Zil ass et sou séier wéi méiglech déi néideg Mesure kënnen z’ergräifen, fir d’Populatioun virum Virus ze schützen. Mee d’Demokratie hält net op, am Géigendeel. D’Kontrollfunktioun vun der Chamber muss grad elo ëmsou méi staark erfëllt ginn. D’Deputéiert behalen dat lescht Wuert a kënnen den Ausnamezoustand zu all Ament erëm ophiewen. Se mussen d’Mesure vun der Regierung ggf. kritiséieren a kënnen eege Virschléi maachen. déi Lénk wäerten des Aufgab an de kommende Woche konsequent erfëllen an sech virun allem fir e beschtméigleche Schutz vun de Rechter vun de Salarié’en asetzen an dofir suergen, dass och kee Mënsch vergiess gëtt.

Toutes nos vidéos

Lénk

VIDEO: Wunnengspolitik – Verantwortung iwwerhuelen

Toutes les émissions

Photos

Toutes nos photos