PdL 6935 – Reform vum congé parental

mercredi, 12 octobre 2016

Dëse Projet bréngt wesentlech Verbesserungen am Interêt vum Salarié. Trotzdeem muss ee kritiséieren, datt déi nei, flexibel Modeller ëmmer vum Accord vum Patron ofhänken. Si stellen also kee wierklecht Recht duer. Dat eenzegt Recht dat bestoe bleift ass de Congé parental vu 4 resp. 6 Méint. D'Regierung ass also leider um hallwe Wee stoe bliwwen. Dofir hu mer eng Motioun gestëmmt, déi d'Regierung opfuerdert an 3 Joer eng Evaluatioun vun der Reform duerchzeféieren. Plus d'informations >