Bei der Debatt iwwer de Projet vum Google Datenzenter huet d'Regierung drop bestanen, dass et guer kee Projet Google géif ginn. D'LSAP ass esou guer souwäit gaange fir ze soen, dass d'Parlament an dësem Dossier guer näischt ze soen hätt. Net mat déi Lénk! Nodeem d'Regierung dëse Projet mat groussem Pomp ugekënnegt huet an alles dru gesat huet fir sou séier wéi méiglech déi néideg Terrain'en fir dësen Datenzenter zesummenzekréien, si mir an der leschte Méint och gewuer ginn, dass den enormen Energieverbrauch vun dem Datenzenter de Klimaschutz zu Lëtzebuerg nach méi géif a Fro stellen an ausserdeem de Waasserverbrauch net ze verantworte wir. Dat si ganz entscheedend Froen, déi d'Leit all betreffen. An d'Parlament muss doriwwer diskutéieren an decidéieren.
Plus d'informations >