PdL 6989 – Reform vum Détachementsgesetz

mardi, 07 février 2017

Dofir! Den europäesche Bannemaart an dem Wueren, Déngschtleeschtungen, Kapital a Persoune fräi zirkuléiere kënnen, baut op Konkurrenz tëscht de Memberstaaten op, déi dann zu Loun- a Sozialdumping féiert. D’Direktiv – a fir Lëtzebuerg dann dëst Gesetz – zitt awer hei en Netz an, dat vill Abus bei de Léin a der Mëssuechtung vum Aarbechtsrecht verhënnere kann. Och wann ee sécherlech méi wäit hätt kënne goen (d’CSL huet Virschléi an dem Sënn gemaach), sou geet dëst Gesetz fir déi Lénk awer an déi richteg Richtung. Plus d'informations >