De Serge Urbany huet gëschter an der Chamber eng alternativ Ried zur Lag vum Land gehalen an huet sech do besonnesch op déi schnell wuessend Aarmut, d'Prekariséierung vun der Aarbecht an déi zeréckleiend a geplangten ongerecht Reformen am Sozialwiese konzentréiert. D'Affer vun dësen onsoziale Mesurë sinn d'Leit, déi schaffen, vun hirer Pensioun liewen, sech grad am Chômage befannen oder nach an der Ausbildung sinn. Vill vun hinne kënnen awer politesch net mat entscheeden an hu soumat och keen Afloss op Entscheedungen iwwer hir sozial Rechter an d'politesch Gestaltung vum Land. Fir dass sech dat ännert an d'Demokratie gestäerkt gëtt, ruffen de Serge Urbany an déi Lénk op, beim Referendum vum 7.Juni mat JO ze stëmmen, an zwar dräi mol!
Plus d'informations >