D'Chamber huet gëschter e Prêt vun 2,06 Milliarden € un den FMI accordéiert. Mat dem Geld soll “déi ökonomesch a finanziel Kris an d’souverän Schold an Europa” bekämpft ginn. Déi zwee Députéiert vun déi Lénk hu géint dest Gesetz gestëmmt, wëll den FMI Länner a finanzielle Schwieregkeeten net hëlleft, mais am Géigendeel hir Problemer verschärft. Déi "finanziell Hëllef" kënnt nämlech net fir naischt: Am Géigenzuch musse Länner wéi Griichenland oder Portugal hir Sozialsystemer ofbauen, d'Léin an d'Renten kierzen an hir öffentlech Infrastruktur privatiséieren. Dest féiert déi betraffe Länner an de wirtschaftleche Ruin an dreift Millioune Leit an d'Aarmut. Dem Justin Turpel séng Ried kënnt dir hei kucken an noliesen.
Plus d'informations >