Projet Google Datacenter – E Maulkuerf fir d’Chamber? Net mat déi Lénk!

jeudi, 28 mars 2019

Bei der Debatt iwwer de Projet vum Google Datenzenter huet d'Regierung drop bestanen, dass et guer kee Projet Google géif ginn. D'LSAP ass esou guer souwäit gaange fir ze soen, dass d'Parlament an dësem Dossier guer näischt ze soen hätt. Net mat déi Lénk! Nodeem d'Regierung dëse Projet mat groussem Pomp ugekënnegt huet an alles dru gesat huet fir sou séier wéi méiglech déi néideg Terrain'en fir dësen Datenzenter zesummenzekréien, si mir an der leschte Méint och gewuer ginn, dass den enormen Energieverbrauch vun dem Datenzenter de Klimaschutz zu Lëtzebuerg nach méi géif a Fro stellen an ausserdeem de Waasserverbrauch net ze verantworte wir. Dat si ganz entscheedend Froen, déi d'Leit all betreffen. An d'Parlament muss doriwwer diskutéieren an decidéieren.   Plus d'informations >

Dossier google: question parlementaire concernant les objectifs nationaux en matière d’énergie et les charges supplémentaires envisageables pour les réseaux de l’électricité au Luxembourg

mercredi, 13 mars 2019

Wärend d'Regierung alles dofir mécht fir e mega data center vu google op Lëtzebuerg ze kréien, setzt sech déiselwecht Regierung immens ambitiéis Ziler fir de Klimaschutz, besonnesch bei dem Verbrauch vun Energie a bei den erneierbaren Energien. D'Creos, de Gestionnaire vun de Lëtzebuerg Stroumnetzer seet a sengem Rapport, dass opgrond vun der Elektromobilitéit de Verbrauch riskéiert massiv unzezéien a warnt vum Impakt vun engem Stroumfrësser wéi e mega data center. Wéi passt dat beieneen? Dat froe mir den Energieminister Claude Turmes. Plus d'informations >