Déi lescht Woch ass de Budget fir 2019 an der Chamber gestëmmt ginn. De Klimaschutz spillt weiderhi keng grouss Roll bei den Investitioune vum Staat, d'Klimapolitik ass keng vun de Prioritéite vun der Regierung. De Klimaplang, den d'Regierung am Kader vun den EU-Klimaobligatiounen ausschaffe muss, beinhalt zwar vill ambitiéis Ziler, mee gesäit guer keng politesch Mesure vir, fir des Ziler och z'erreechen. D'Kohärenz tëscht den Ziler an de politesche Prioritéite feelt hei komplett, dat weist net zu lescht d'Beispill vum Google-Datenzenter, den de Stroumkonsum vu Lëtzebuerg massiv géif an d'Luucht dreiwen. Genuch Grënn also fir déi Lénk, fir d'Klimapolitik an enger aktueller Stonn an der Chamber ze diskutéieren.
Plus d'informations >