Am Premierminister senger Ried zu der Lag vun der Natioun , bleiwen eng ganz Rei Froen op, op déi déi Lénk mat 4 wichtegen Erausfuerderunge fir d’Land aginn, nämlech d’Stäerkung vun der sozialer Gerechtegkeet, d’Bekämpfung vun der Wunnengsnout, déi ekologesch Zukunftsplanung an den nohaltegen Ëmbau vun der Wirtschaft vum Land.
Des Erausfuerderunge sinn enk matenee verbonne well se gläichzäiteg déi nefast Effekter vum ongebremsten an onkoordinéierte Wuesstem ënnersträichen an een Alternative Wirtschaftssystem duerstellen.
Plus d'informations >