Dunkelkammer spaceresources: Entscheidende Fragen bleiben offen.

lundi, 23 septembre 2019

Im Mai dieses Jahres unterzeichnete die Regierung ein Space-Abkommen mit den USA. Dieses sogenannte Memorandum of Understanding (MoU’s) bleibt, so wie ähnliche Abkommen mit 7 anderen Staaten geheim. Über die politische und finanzielle Tragweite dieser MoU’s bleiben das Parlament und die Öffentlichkeit also im Dunkeln. Die lückenhaften Antworten der Regierung auf unsere parlamentarischen Anfragen tragen nicht zu größerer Transparenz bei. Plus d'informations >

Question parlementaire concernant l’initiative spaceresources.lu

lundi, 01 juillet 2019

Viru kuerzem huet d'Regierung e bilateralen Accord mat den USA am Space-Beräich ofgeschloss. Den US-amerikanesche Wirtschaftsminister Wilbur Ross huet an dem Zesummenhang vun enger Kooperatioun mat Lëtzebuerg an der Defense geschwat. Bedeelegt sech Lëtzebuerg elo och aktiv un der Oprëschtung am Weltraum? D'Cour des Comptes huet a sengem Avis iwwer de Spacemining am Budget 2019 schonn drop opmierksam gemaach, dass de Koalitiounsaccord des Méiglechkeet virgesäit, obwuel d'Gesetz vun 2017 dee Volet ausgeklammert huet. Falls d'Regierung op dee Wee geet, wier dat e weidere Verstouss géint international Verträg, déi just friddlech Aktivitéiten am Weltraum erlaben. Donieft gëtt och d'Fuerschung zugonschte vun Entreprisen am new space Secteur staark ënnerstëtzt. Mir hu fir all des Aktivitéiten am Kader vun der spaceresources.lu Initiativ eng Rëtsch Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt. Plus d'informations >

Question parlementaire concernant les financements effectués par l’Etat et les organismes d’investissement publics dans le cadre de l’initiative spaceresources.lu

mercredi, 14 novembre 2018

Et ass mëttlerweil gewosst, dass d'SNCI (Société Nationale de Crédit et d'Investissement) 12 Milliounen € ëffentlech Gelder duerch seng Bedeelegung un der US-amerikanescher Entreprise Planetary Resources verluer huet. Mee wéi vill ëffentlech Sue fléissen eigentlech insgesamt an dëse Wirtschaftssecteur? An de leschte Woche gouf eng Lëtzebuerger Weltraumagence gegrënnt an d'Schafung vun engem spezielle Weltraumfong ugekënnegt. Mat wéi enge Gelder gëtt hei operéiert a wat fir Aktivitéite ginn iwwerhaapt genee finanzéiert? Ginn an dësem Secteur iwwerhaapt - wéi vum Wirtschaftsminister ugekënnegt - Aarbechtsplaze geschaaft - a wa jo wéi eng - oder handelt et sech just em eng weider Nisch mat där Lëtzebuerg privaten Entreprisë mat Steiergelder bei der Kommerzialiséierung vum Weltraum an der Fuerschung ënnert d'Äerm gräift? Plus d'informations >