Marc Baum – PdL 7416 – Erhéijung vum Mindestloun em 0,9%

jeudi, 27 juin 2019

Des Woch gouf de Mindestloun em 0,9% erhéicht. Dat entsprécht 18€ de Mount an ass een Deel vun der Erhéijung vum Netto-Mindestloun em 100€, den am Koalitiounsaccord virgesinn ass. De Gros vun dëser Erhéijung em 100€ gëtt awer iwwer d'Steiere finanzéiert, also indirekt vun de Salarié'en selwer, déi de Gros vun dëse Steieren iwwer hir Léin bezuelen. Des Erhéijung em 18€ geet natierlech net wäit genuch, wëll de Netto-Mindestloun ëmmer nach däitlech ënnert dem Montant läit, den ee laut STATEC brauch fir dezent zu Lëtzebuerg kënnen ze liewen. Dofir fuerdere mir weiderhin eng zousätzlech Erhéijung em minimum 10%. Plus d'informations >

Aarbecht anstänneg bezuelen: 2381€ Mindestloun.

mardi, 18 septembre 2018

Lëtzebuerg huet en Undeel vun 12% working poor. 12 vun 100 Leit sinn hei zu Lëtzebuerg aarm, obwuel se voll schaffen. An dat an engem vun de räichste Länner op er Äerd. Déi meescht, déi vun dëser Aarmut betraff sinn, verdéngen de Mindestloun oder liicht méi. Fir déi betraffe Leit, géif eng substanziell Mindestlounerhéijung direkt hëllefen. De Mindestloun muss sou héich sinn, dass all Salarié.e anstänneg vun senger Aarbecht liewe kann. Plus d'informations >

Armutsbekämpfung: Es fehlt der politische Wille.

mardi, 17 octobre 2017

Die gestern vom STATEC veröffentlichten Zahlen über die soziale Entwicklung in Luxemburg sind erschreckend. 113800 Menschen (19,7%) sind in Luxemburg mittlerweile von Armut bedroht. Daneben hat mehr als einer von vier Haushalten (27,4%) Probleme am Ende des Monats mit seinem Budget über die Runden zu kommen. Um diese Entwicklung zu bekämpfen fehlt einzig und allein der politische Wille, denn schnell umsetzbare Vorschläge gibt es zur Genüge. déi Lénk haben in der Vergangenheit einige gemacht. Plus d'informations >

Motion – Pour une augmentation substantielle du salaire social minimum

jeudi, 08 décembre 2016


Motioun vun déi Lénk – Fir eng substantiell Erhéijung vum Mindestloun

mercredi, 07 décembre 2016

Den aktuelle Mindestloun geet fir ëmmer méi Leit net méi duer fir gutt kënnen ze liewen. Dofir hunn déi Lénk des Woch an der Chamber mat enger Motioun d'Regierung opgefuedert, de Mindestloun méi substanziell erhéijen. Plus d'informations >