mercredi, 01 avril 2020
D'Regierung huet decidéiert, dass an de 14 als essentiell zielende Secteuren d'Reegelunge fir d'Aarbechtszäit fir d'Dauer vun der Kris geännert ginn. Anstatt maximal 10 Stonnen den Dag, ka lo 12 Stonne geschafft ginn. Anstatt 48 Stonnen d'Woch dierf elo 60 Stonnen d'Woch geschafft ginn. déi Lénk verstinn, dass des Mesure am Santé- oder Fleegberäich duerchaus Sënn kann erginn, mee froen sech awer firwat dat och fir Liewensmëttelgeschäfter, Geschäfter fir Déierefudder an aner Beräicher ziele soll. Dofir ënnerstëtzen déi Lénk des pauschal Virgoensweis net, wëll hei Schutz a Wuelbefanne vu Salarié'en net méi un éischter Plaz steet.
Plus d'informations >