mardi, 10 mai 2016
Tribune libre RTL Radio/Radio 100,7 - Virun engem hallwe Joer hunn Dausende Leit hei zu Lëtzebuerg géint den TTIP – dat transatlantescht Handelsofkommes mat den USA – demonstréiert. D’Plattform Stop TTIP hat dozou opgeruff, eng Plattform un där sech bal déi ganz lëtzebuerger Zivilgesellschaft zesummefënnt: Gewerkschaften, Ëmweltverbänn, Konsumenteschutz-, ONG’en a Baueren-Organisatiounen.
Si alleguerten deelen déi selwecht Analys: den TTIP, respektiv dat wat vun him bis lo bekannt ass, riskéiert, datt eis Ëmwelt- a Sozialstandarden erofgesat ginn an de Konsumenteschutz ënner d’Rieder kënnt.
Plus d'informations >