mardi, 26 juin 2018
Enthalung! Opgrond vun dësen Onkloerheeten, mee och op Grond vun engem anere Verständnis dat déi Lénk vun der inklusiver Schoul hunn. D’Chancëgläichheet an eiser Schoul kann nëmmen da garantéiert ginn, wann d’Inclusioun vun alle Schüler iwwert eng individuell Betreiung, an d’Konzentratioun vun de néidege Ressourcen um Terrain, also an de Schoulen, an de Klassesäll stattfënnt. Eis Enseignant'en brauchen Ënnerstëtzung keng zousätzlech administrativ Belaaschtung. Déi pedagogesch Betreiungsaarbecht kann a muss besser opgedeelt ginn an esou gutt ewéi et geet am Klassesall mam néidegen Equipement stattfannen. Dofir wëlle mir eng multiprofessionell pedagogesch Ekipp an all Klassesall.
Plus d'informations >