vendredi, 15 juillet 2016
Dogéint! No der Finanzkris 2008-2009, déi ganz Europa destabiliséiert a Millioune Leit an d'Aarmut gedriwwen huet, hunn d'Politiker grouss Riede gehalen iwwert d'Necessitéit, d'Finanzwelt vill méi streng ze reguléieren. Déi Sonndesrieden si laang passé, elo geet et erëm an déi ëmgedréite Richtung: D'Reguléierung gëtt erëm iwwerall zréck gefuer. Wann et dann déi nächste Kéier kraacht am internationale Finanzsystem – an dat ass just eng Fro vun der Zäit - da wäerten dës FIAR déi éischt sinn, déi Problemer maachen.
Plus d'informations >