jeudi, 14 décembre 2017
D'Besteierung geet ëmmer méi zu Laaschte vun de Leit déi fir e Loun schaffen, während duerch Steierdumping an ongesond Nischen d'Betriber, grouss Immobiliebesëtzer an Ultraräicher ëmmer besser ewechkommen. Eng Steierpolitik, déi op der falscher Plaz hëlt, dréit maassgeeblech dozou bäi, dass déi falsch Wirtschaftssecteure wuessen an déi falsch Leit sech beräichere kënnen: et entsteet en ongesonde Wuesstem, et feele Recetten an de Räichtum gëtt ëmmer méi ongerecht verdeelt. Eng Investitiounspolitik fir dëse Feelentwécklungen entgéint ze wierke gëtt ënnert deene Viraussetzunge bal onméiglech an de politesche Wëlle fir et zumindest ze probéieren, feelt bei LSAP-DP-déi gréng komplett. Och d'CSV an d’ADR iwwerbidden sech léiwer bei der Dramatiséierung vun der (immens klenger) Staatsschold wéi sech mat den Erausfuerderunge vum Land ze beschäftegen. Déi gesi mir e.a. an dësen dräi Beräicher: Logement, Mobilitéit, Bildung. D’Depense fir des Beräicher am Kontext vun engem ongebremste Wuesstem ginn net duer fir de Retard opzehuelen den sech hei accumuléiert huet. Beim Wunnengsbau, bei der Planifikatioun vun der Mobilitéit, grad esou ewéi bei der Educatioun, ass de Courage net do massiv a konsequent ze investéieren am Interessi vun de Leit.
Plus d'informations >