vendredi, 20 décembre 2019
-55% beim Ausstouss vun Zäregase bis 2030 ass just eng plakeg Zuel, wann een net weess, wéi dat soll zur Realitéit ginn. Fir déi Lénk muss d'Ambitioun vum Klimaplang an de Mesure leien an do hapert et zolidd. Konkret Virschléi ginn et ganz wéineg a wann mol een dran ass, da gëtt domat déi Politik weider gemaach, déi och bis elo feelgeschloen ass. D'Privatkapital an Entreprise gi mat allméigleche Mëttele gelackelt an aus der Verantwortung gehalen, all eenzele Bierger gëtt awer individuell responsabel gemaach a muss blechen. Déi geplangten CO2-Steier féiert dozou dass e Stot 200€ a méi fir d'Hëtze vum Haus muss bezuelen, ouni dass bis elo kloer ass, wéi déi betraffe Leit finanziell kompenséiert ginn. Wuessend Ongläichheeten a Widderstänn an der Gesellschaft géint Klimaschutz sinn d'Konsequenz. D'Ried vum David Wagner, weider Infos an eis Virschléi iwwer de Rentefong, de Google-Datazenter an eng sozial an ekologesch Approche bei der energetescher Sanéierung vu Wunnhaiser fannt dir hei ->
Plus d'informations >