jeudi, 27 juin 2019
Des Woch gouf de Mindestloun em 0,9% erhéicht. Dat entsprécht 18€ de Mount an ass een Deel vun der Erhéijung vum Netto-Mindestloun em 100€, den am Koalitiounsaccord virgesinn ass. De Gros vun dëser Erhéijung em 100€ gëtt awer iwwer d'Steiere finanzéiert, also indirekt vun de Salarié'en selwer, déi de Gros vun dëse Steieren iwwer hir Léin bezuelen. Des Erhéijung em 18€ geet natierlech net wäit genuch, wëll de Netto-Mindestloun ëmmer nach däitlech ënnert dem Montant läit, den ee laut STATEC brauch fir dezent zu Lëtzebuerg kënnen ze liewen. Dofir fuerdere mir weiderhin eng zousätzlech Erhéijung em minimum 10%.
Plus d'informations >